Elderbrook a CamelPhat bréngen no 4 Joer  nach mol zesummen eng Kollaboratioun eraus.

Fakten
Nodeems den Elderbrook zejoert säi leschten Album "Why Do We Shake In The Cold?" eraus bruecht huet, kënnt elo seng éischt Single fir dëst Joer. Mat engem fette Beat, engem dynameschen Elektro-Sound an dem Elderbrook säi soulege Gesang liwwert den Titel net just gutt Vibes, mee och Loscht op de Summer deen elo usteet! Fir déi Nummer huet hien sech al Kolleege mat an d'Boot geholl, nämlech de britteschen DJ-Duo CamelPhat. Schonn 2017 konnten d'Kënschtler mat "Cola" zesummen ee Clubhit landen. 

Fréier Hits
Elderbrook ass spéitstens mat senge Vocals am Camelphat-Track „Cola“ bekannt ginn. De Club-Hit gouf souguer fir ee Grammy nominéiert.

Aussergewéinleches
Och wann d'Joer 2020 fir Museker wéinst Corona een negativen Bäigeschmaach hat, koum fir Elderbrook trotzdeem nach eppes Guddes dobäi eraus. Am Dezember gouf hien nämlech déi éischte Kéier Papp. Op Instagram huet hien ëmmer nees Videoen mat senger Duechter am Aarm gesat - ënner anerem och, wéi hien him "Body" virgespillt huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Hayden James, Disciples, Zhu

Lauschtert eran