Op der Single "Walk That Walk" kombinéiert de Bakermat Elektropop mat Soul, Jazz, R&B a mat sengem typesche Saxophon- a Piano-Sound.

Fakten
Ween un Danzmusek mat vill Saxophon-Sound a Piano-Elementer denkt, dee kënnt net laanscht de Bakermat. Dass hie wéi kaum een anere fir dëse Sound steet, iwwerrascht net, well den Hollänner huet seng Originnen an der Jazz-Musek. Elo huet de Produzent dëse Sound mat soulege Vocals an Elektropop kombinéiert an domat eng modern, poppeg Jazzsingle verëffentlecht. Zesumme mam US-amerikanesche Sänger, Produzent a Multiinstrumentalist Nic Hanson ass di nei Single entstanen. Am Géigesaz zu de meeschte Bakermat-Hits ass deen neien Track keng Deep-House-Nummer, awer trotzdeem absolut danzbar. Bei "Walk That Walk" gi  modern Jazz-Elementer an R&B-Partyvibes mat danzbarem Elektropop kombinéiert. Zesumme mat de Vocals vum Nic Hanson kléngt den Track wéi eng Mëschung aus Prince, Jason Derulo a Bruno Mars.

Fréier Hits
Dem Bakermat säin Deep-House an Tropical-House Stil huet weltwäiten Erfolleg. Och well hien oft natierlech Instrumenter wéi Flütten, Trompetten oder Saxophon a seng Lidder abaut. Säi gréissten Hit ass "One Day (Vandaag)". Och Singele wéi "Do Your Thing", "Baby", "Living", an "Teach Me" waren erfollegräich.

Aussergewéinleches:
De Lodewijk Fluttert alias Bakermat lieft zu Utrecht an huet do Psychologie studéiert - bis hien mat der Musek den internationalen Duerchbroch gepackt huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kungs. Feder, The Magician