De SYML presentéiert seng nei Single "Stay Close"

Fakten
SYML, de Soloprojet vum Sänger, Songwriter a Produzent Brian Fennell, presentéiert seng nei Single "Stay Close": De Song ass Deel vu senger neier EP "DIM", déi Mëtt Abrëll eraus koum.  "Dat ass ee ganz perséinleche Song", seet de SYML iwwer "Stay Close". "Mäi Papp huet Kriibs a louch bal 2 Joer um Stierwen. Et geet sécherlech em Trauer, awer och ëm eng Aart vun der Léift, déi sou déif sëtzt, dat si vum éischte bis zum leschten Otemzuch geet".

Aussergewéinleches:
SYML bedeit op Walisesch "einfach“. De Brian Fennell wunnt zu Seattle an huet Originnen zu Wales. Méi weess hien awer net: Hien ass adoptéiert a kennt seng "richteg" Famill net. E puer vu senge Songs handelen dovun.

Fréier Hits
De SYML aka Brian Fennell ass een autodidaktesche Produzent, Sound-Engineer, Gittarist a Perkussionist an ee klassesch ausgebilte Pianist. "SYML" ass dem Fennell säi Soloprojet, deen no senger Zäit an der Indie-Rock-Band Barcelona entstanen ass. Säin Debütalbum ass am Joer 2019 eraus komm. Säin bis elo gréissten Hit ass "Clean Eyes".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Dennis Lloyd, Bastille, Capital Cities