A senger Single "Vertigo" erzielt d'Alice Merton vun enger Panikattack.

Fakten:
Mat "Vertigo" presentéiert d'Alice Merton ee Lidd, un deem hatt scho virun der Corona-Pandemie geschafft huet. Hatt erzielt vun enger Situatioun, an där hatt virun der Entrée vun engem Club an der Schlaang stoung an et him op eemol schwindeleg gouf. De Song handelt dovun, wéi den Owend wuel verlafe wär, wann hatt net heem gaange wier, mee schwindeleg am Club all méiglech komesch Leit begéint hätt.

Aussergewéinleches:
Mat senger éischter Hit Single "No Roots", déi am Mee 2017 op der 1 vum Eldo Chartbreaker stoung, ass d'Alice Merton an dëser Woch fir eng éischte Kéier an d'US Charts erageklommen.

Fréier Hits:
"No Roots" war a ganz Europa en Hit ginn. Mat de Singelen "Hit The Ground Running" an "Lash Out", huet d'Alice Merton gewisen, dat et kee One-Hit-Wonder ass.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Julia Michels, Bishop Briggs, Tom Grennan