De KSI releast seng Single"Patience": Mat YUNGBLUD a Polo G mécht hien een Dance-Pop-Song mat 80s-Vibe!

Fakten
De KSI kennen di meescht warscheinlech just aus Features. 2020 hat de KSI scho mat Kënschtler wéi dem "Rover"-Interpret S1MBA oder Anne-Marie zesummegeschafft. No sengem bis elo erfollegräichste Joer mellt sech de brittesche Rapper 2021 mat senger eegener Single "Patience" zeréck an hëlt sech dofir de britteschen Alternative-Rock-Museker YUNGBLUD an den US-Rapper Polo G an d'Boot. Zesummen hunn di 3 Kënschtler eng poppeg Dance-Nummer produzéiert.

Aussergewéinleches
Den Titel vum gemeinsamen Track "Patience" gouf net zoufälleg gewielt. An engem Podcast mengt de KSI: "Dësen Track ass ganz passend fir alles, wat mir grad duerchmaachen a wat mir all kollektiv wärend dësem Lockdown erlieft hunn."

Fréier Hits
D'Carrière vum KSI huet eigentlech mat YouTube ugefaangen. Do huet hien nämlech ugefaangen, Gaming-Videoen eropzelueden a mëttlerweil huet hie méi wéi 20 Milliounen Abonnenten!

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
The Wombats, Walk The Moon, Maximo Park

Lauschtert eran