Klingande mellt sech mat "Better Man" Feat Rodrigo zeréck 

Fakten:
De bekannte franséischen DJ a Produzent Klingande verëffentlecht seng nei Single "Better Man" zesumme mam US-amerikanesche Schauspiller a Singer-Songwriter Rogelio. Am Titel "Better Man" kombinéiert de Klingande emotionale Pianosound mat gefillsvollem Bass a mat den aussergewéinleche Vocals vum amerikanesche Sänger Rogelio. Den Track ass di éischt Single-Auskopplung vum Fransous am neie Joer.

Fréier Hits:
Dee mat Platin ausgezeechenten DJ a Produzent Klingande hat 2019 säi mat Spannung erwaarten Debüt-Duebelalbum "The Album" eraus bruecht. Hei si bekannte Lidder drop ze fannen, wéi "By The River", "Alive" grad wéi d'Multi-Platin-Single "Jubel".

Aussergewéinleches:
De Cédric Steinmyller huet als éischt just als DJ geschafft, ier hien 2008 ugefaangen huet, Museksstécker ze produzéieren. Zesumme mam Edgar Catry huet hien Enn 2012 de Projet Klingande gegrënnt. Iwwer Online-Plattforme wéi YouTube a SoundCloud hu sech hir Opname séier verbreet a schliisslech krut den Duo och e Plackekontrakt. Haut trëtt just nach de Cédric Steinmyller ënnert dem Numm "Klingande" op.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Zhu, Filous, Klingande

Lauschtert eran