Déi amerikanesch Sängerin ass zeréck mat der Single "Your Power".

Fakten:
Fir den 30. Juli huet d'Billie Eilish säin neien Album "Happier Then Ever" ugekënnegt. Elo presentéiert hatt mam Titel "Your Power" déi éischt nei Single, déi hatt op en neits mat sengem Brudder Finneas opgeholl huet. Wéi hatt seet, geet et am Lidd ëm vill verschidde Situatiounen, déi mir all zesummen erlieft oder gesinn hunn. Et ass de Message un d'Leit, hir Muecht net ze mëssbrauchen.

Aussergewéinleches:
D’BBC hat d'Billie Eilish op d'Lëscht gesat mat den 16 intressantsten Newcomer vum Joer 2018. Déi 15 Joer al Newcomerin war domat déi jéngsten Kënschtlerin, déi jee hei nominéiert gouf.

Fréier Hits:
D'Billie Eilish gouf mat der Single "Bellyache" bekannt, an den internationalen Duerchbroch gepackt. Matgeschriwwen a co-produzéiert gouf de Song vu sengem Brudder Finneas O’Connell. Mat "Bad Guy" hat hatt säi gréissten Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Halsey, Lorde, Tove Lo

Lauschtert eran