Di kanadesch Sängerin ass zeréck mat enger neier Single.

Fakten:
D'Ruth Berhe ass eng kanadesch Singer-Songwriterin a bekannt ënnert dem Kënschtlernumm Ruth B. Seng nei Single ass een duussen R&B Titel dee vum Ruth senger waarmer souleger Stëmm dominéiert gëtt. De Songtext handelt vun enger komplizéierter Bezéiung: “I’ve been wondering what’s been going on / What’s our situation? / Hanging on and on and on to every conversation / I wanna let go, but it’s so complicated / Baby, all I’m saying is what’s the situation?”Di nei Single ass um neien Album "Moments In Between" ze fannen, deen den 11. Juni eraus kënnt.

Aussergewéinleches:
Dem Ruth seng Elteren sinn an den 80er Joren aus Ethiopien a Kanada immigréiert. Dat mëttlerweil 25 Joer alt Ruth ass an der kanadescher Stad Edmonton gebuer an opgewuess. Fir finanziell iwwert d'Ronnen ze kommen, huet hatt am Ufank vu senger Carrière hallef Zäit an engem Kleedergeschäft geschafft. An engem Interview mat der kanadescher Press beschreift hatt sech als introvertéiert. Hatt wier kee "Party Girl".

Fréier Hits:
D'Ruth B huet 2013 ugefaangen, Lidder um Internet-Videoportal "Vine" ze spillen. 2015 huet hatt seng Single "Lost Boy" eraus bruecht, déi et deemools och an d'Charts gepackt hat.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tate McRae, Julia Michaels

Lauschtert eran