Den amerikanesche Sänger gëllt als moderne Soulpop-Pionéier.

Fakten:
De Wyn Starks baut a senge Lidder eng Bréck tëscht der Motown-Klassiker a modernem Soul a Funk. Hien inspiréiert sech u Kënschtler wéi Michael Jackson, Whitney Houston a Stevie Wonder. Seng Single "Dancing My Way" iwwerzeegt mat engem soulege Beat a mam Wyn senger eenzegaarteger Stëmm.

Aussergewéinleches:
Opgewuess zu Minneapolis, huet de Wyn als éischt am Kierchechouer gesongen. Gospelmusek huet hie schonn an der Kandheet faszinéiert, grad wéi Popsongs, Soul-Placken an R&B-Hits. Déi huet hien doheem verstoppt, virum Rescht vun der Welt, hannert der Couche vu senger Famill, a mat fest un d'Ouere gepresste Kopfhörer gelauschtert. Fir de Wyn huet dat alles wéi Magie geklongen.

Fréier Hits:
Mat der Retro-Ballade "Circles" grad wéi mam Dancetitel "Split in Two" gouf de Wyn Starks bekannt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Lauschtert eran