De Londoner Museker VC Pines ass zeréck mat enger neier Single.

Fakten:
De Londoner Museker Jack Mercer schafft ënnert dem Kënschtlernumm VC Pines. Hien huet seng neiste Single „See You Soon” den 28. Abrëll erausbruecht. Et ass déi éischt Auskopplung vun senger neier EP, déi den 26. Mee erauskomme soll. Hien huet mat 10 Joer schonn ugefaang Musek ze maachen an war vun do un net méi ze bremsen.

Aussergewéinleches:
De Museker ass ee grousse Fan vun der japanescher Kultur an beschreift sech selwer als „Japanese Americana British“.

Fréier Hits:
Virun engem Joer hat de VC Pines mat der Band „The Violet Collective“ d’Lidd „Cracks” erausbruecht, wat fir hien deen éischte méi groussen Erfolleg war.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Palace, Alfie Templeman, APRE

Lauschtert eran