No "I Need You To Hate Me" ass de JC Stewart zeréck mat der Single "Break My Heart"

Fakten
Mat sengem bis elo gréissten Erfolleg duerch d'Single "I need you to hate me" am Réck fänkt den JC Stewart d'Joer mat senger neier neier  Single "Break My Heart" un. Onverännert bleift seng Tendenz, a senge Lidder Bezéiungen ze verschaffen - des Kéier mat enger  Libesgeschicht, an där et ëm alles oder näischt geet. "Et geet e, eng Persoun, déi dech esou um falsche Fouss erwësche kann, dass si eng Stad fir dech ruinéiert oder däi Liewen a Stécker räisst. Et ass am Fong eng explosiv Libesgeschicht, déi süchteg maache kann," seet den JC Stewart.

Aussergewéinleches
De Sänger huet de Spëtznumm "Professional Sadboy", vu senger Schwëster kritt. De Grond: Sou nennt een ee Mann, deen alles ronderëm Bezéiungen erfuerscht- vun der éischter Verléiftheet bis zum Schmäerz vun engem gebrachene Häerz.

Fréier Hits
Trotz senge komplizéierte Break-Ups kéint et op mannst musikalesch beim JC Stewart net besser lafen. An de leschte Méint huet dee jonke Kënschtler aus Irland scho mat Produzenten a Songwriter wéi Fred Ball oder Justin Parker zesumme geschafft. Dee schreift och Lidder fir d'Lana Del Rey. Och den JC selwer ass ee gefrote Songwriter fir aner Kënschtler an huet ënner anerem um Hit "Hollywood" vum Lewis Capaldi matgeschriwwen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Zoe Wees, Gavin James, Dermot Kennedy

Lauschtert eran