Mat dësem Lidd spiert ee schonn e bëssen de Summer kommen. Elektronesch Téin mat enger Prise Reggae.

Fakten:
Déi 3 hollännesch DJ’en vu Kriss Kross Amsterdam hunn sech mam Conor Maynard a mam Shaggy zesumme gedinn, fir hir nei Single „Early in the Morning“ ze produzéieren. Dëse Reggae–Popsong bréngt summerlech Laun mat sech an huet sech um traditionelle Lidd „Drunken Sailor“ orientéiert.

Aussergewéinleches:
D’Museker hunn sech fir dës Single zesumme fonnt, well si sech all feieren a schonn ëmmer matenee schaffe wollten. De Conor Maynard seet souguer dass et am Internet bestëmmt nach ee Video géif ginn, wou hie Karaoke zu „It wasn’t me“ géif sangen.

Fréier Hits:
Kris Kross Amsterdam hate schonn zesumme man Conor Maynard duerch de Song „Whenever“ e groussen Hit. De Shaggy ass duerch Lidder wei „Boombastic“ oder „It wasn’t me” berühmt ginn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Cheat Codes, Lil Kleine, Jason Derulo

Lauschtert eran!