Wann et eng Band gëtt, déi wéi hiren Numm kléngt, dann ass et „Easy Life“.

Fakten:
„Skeletons“ ass déi éischt Single aus der brittescher Band „Easy Life“ hirem Album, deen de 4. Juni wäert erauskommen. De Sänger seet, dass dëst Lidd drëms geet, dass jiddereen eng potentiell schlëmm Vergaangenheet hätt. Hien seet och, dat et jidderengem scho fir komm wier, dass e sech an eng Persoun verléift hätt, déi schlecht Noriichte fir ee kéint hunn.

Aussergewéinleches:
Di 5 Museker vu „Easy Life” ware souguer am US-amerikanesche Fernsee an zwar an der legendärer Show „Jimmy Kimmel Live!“, wou si vun enger geplangter Europa- an England Tour geschwat hunn.

Fréier Hits:
Mat hirem leschten Album „Junk Food“ waren d’Museker vun „Easy Life“ a Groussbritannien op Platz 7 an den Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Conan Gray, The Million, Lorde

Lauschtert eran!