Lëtzebuergesch Musekerin mat néier Single!

Fakten:
Dem Angel Cara säin neien Titel "Beautiful" gëtt e méi detailléierten Abléck an seng Jugend, déi hatt vill gepräägt huet. D’Lidd ëmschreift d’Fassad déi hatt sech vu Joer zu Joer opgebaut huet, mee och wéi se lues a lues bréckelt. D'Angel Cara behandelt op "Beautiful" seng Kandheet an Jugend, eng Zäit an där nach alles schéi friddlech geschéngt huet. D’Lidd ass eng Hommage un all déi, déi him no stinn an him gehollef hunn.

Aussergewéinleches:
D’Angel Cara well mat senger angeneem waarmer Stëmm de Kontrast maachen zu deene bësse méi haarden Texter, déi net ëmmer nëmme flott Handlungen hunn. D’Musekerin probéiert a sengen Texter kee Blat virun de Mond ze huelen, well et wichteg wier d’Emotiounen ze weisen.

Fréier Hits:
Mat sengem leschte Lidd „Forgiveness“ hat d’Angel Cara séin éischten nationalen Hit gehat, deen hat mam Lëtzebuerger Produzent Tom Gatti dëst Joer rausbruecht huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Florence And The Machine, Banks, Tove LO

Lauschtert eran!