Den neien EM-Song vereent modern DJ-Téin mat klassescher Rockgeschicht.

Fakten:
Den 11. Juni start endlech d'Europameeschterschaft. Dës Kéier hat de Martin Garrix déi grouss Éier fir den Titel-Song ze produzéieren. Dofir huet hie sech mam Bono an The Edge zesummegedoen. "We Are The People" bréngt Positivitéit, Hoffnung a vermëttelt d'Gefill vun Zesummegehéieregkeet.

Aussergewéinleches:
Bal 3 Joer waren d'Museker amgaange mat Produzéieren. Erauskomm ass e Mix aus modernem DJ-Sound a klassescher Rockgeschicht.

Fréier Hits:
Zu de fréieren Hits vum Martin Garrix gehéiere Lidder wéi „Animals“ „Pressure“ oder „High On Life“. De Bono an The Edge hunn mat U2 Hits wéi “With Or Without You” oder “Sunday Bloody Sunday” gehat.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Dimitri Vegas & Like Mike, U2, Muse

Lauschtert eran!