Katy Perry huet säin neit Lidd zesumme mam Pikachu erausbruecht.

Fakten:
Fir de 25. Gebuertsdag vu “Pokémon“ huet d’Katy Perry seng nei Single „Electric“ erausbruecht. Mat dësem Power-Lidd wëll d’Sängerin weisen, dass een duerch d’Hëllef an d‘Léift vu Kolleegen seng Dreem erreechen kann. D'Lidd wäert och um Album "Pokémon 25 The Album" drop sinn, deen am Hierscht 2021 soll rauskommen. D'Single ass eng modern Mëschung tëschent typeschem Katy-Perry-Sound a moderne Samplen.

Aussergewéinleches:¨
Am Musek-Video vun der Single lant d’Katy Perry zesummen mam „Pikachu“ an der Vergaangenheet. De Video weist der Sängerin hir Ufäng an der Branche. Duerch d’Hëllef vun deenen 2 Zäitreesenden kann dat jonkt Katy Perry seng Dreem erreechen. Wéi och de Pikachu, entwéckelt sech d'Katy Perry mat der Zäit weider. D'Regie vum offizielle Video huet de Carlos López Estrada produzéiert, deen ënnert anerem den Disney-Film "Raya und der letzte Drache" mat produzéiert huet. D'Katy Perry war säit dem éischten "Pokémon" Spill fir de GameBoy e grousse Fan vun de klenge léiwe Figuren.

Fréier Hits:
D’Katy Perry ass duerch Lidder wéi zum Beispill „Dark Horse“, „I Kissed A Girl”  oder “California Gurls“ berüümt ginn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Will.i.am, Pink, Britney Spears, Jessie J

Lauschtert eran!