Mëschung aus modernen a retro Aflëss.

Fakten:
D’Band Neighbourhood ass eng amerikanesch Alternative-Rock-Band, déi am Joer 2011 gegrënnt gouf. D’Lidd „Stargazing”, wat op hirem leschten Album „Chip Chrome & The Mono-Tones“ drop war, ass eng Fusioun tëschent Rock, Pop a Psychedelic. D’Lidd kritt duerch d'Gittar e gewëssene Retro-Touch an huet dofir e ganz spezielle Stil.

Aussergewéinleches:
D’Band ass eigentlech fir hir schwaarz-wäiss Fotoen a Museks-Videoe bekannt. Fir de Rescht weess een eigentlech net ganz vill iwwert d’Band. Si hale sech léiwer bësse méi bedeckt a konzentréiere sech op d'Musek.

Fréier Hits:
Neighbourhood hu sech ënnert anerem mat dëse Lidder een Numm an der Museksbranche gemaach: „Sweater Weather“, „Daddy Issues“ oder „Afraid“.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Wallows, Sir Chloe, Chase Atlantic

Lauschtert eran!