Kanadesch Singer/Songwriterin mat zweeter eegener Single.

Fakten:

Déi kanadesch Sängerin Laurell Barker, dat ënnert dem Kënschtlernumm "Laurell" ënnerwee ass, huet seng néi Single Habit rausbruecht. Dëst Lidd suergt einfach fir gutt Stëmmung an erënnert e bëssen un d’Musik vun Tones and I. D’Sängerin ass an der Museksbranche nach net sou bekannt an trotzdeem stoung d’Lidd Habit schonn an de "Viral 50 – Germany" op Spotify.

Aussergewéinleches:

D’Laurell huet mat Chocolate an Habit selwer réischt zwee Lidder released. Mee ganz onbekannt ass d'Laurell an der Museksindustrie trotzdeem net: Ënnert anerem huet hat scho 6 Titele fir Kënschtler geschriwwen, déi beim Eurovision Song Contest ugetruede sinn an och an den internationalen Charts ze fanne waren.

Fréier Hits:

Bis elo huet d'Laurell méi am Hannergrond matgewierkt a réischt 2 eege Lidder released. Mat Habit huet hatt fir déi éischte Kéier esou richteg Opmierksamkeet kritt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Tones And I, Lip J & Paul Schulze

Lauschtert eran!