Den Alan Walker ass zréck mat enger neier Single, dës Kéier zesumme mam Conor Maynard.

Fakten:

Den 23-järege brittesch-norwegesche Star-DJ Alan Walker huet zesumme mam Conor Maynard seng neiste Single Believers presentéiert. D’Lidd huet e moderne Beat an een Text, deen d’Wichtegkeet vu Frëndschaften thematiséiert. Believers dierf soumat a kenger Summer-Playlist feelen.

Aussergewéinleches:

De Video zum Lidd ass opgebaut wéi e Videospill an huet vun Ufank bis Schluss opreegend a speziell Effekter. Wéi et fir den Alan Walker üblech ass, reit de Museks-Video sech an d’Geschicht vum DJ an. Domadder léieren d’Fans de Museker nieft senger Musek och perséinlech kennen.

Fréier Hits:

Dem Alan Walker säi gréissten Hit war sécherlech d’Single Faded mat där hien den internationalen Duerchbroch gepackt huet. De Conor Maynard ass dann och keen Onbekannte vue dass hien mat Kris Kross Amsterdam a Shaggy d’Lidd Early In The Morning séngt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Lost Frequencies, The Chainsmokers & Felix Jaehn

Lauschtert eran!