D'Sängerin Anne-Marie zesummen mam Niall Horan mat neier Single!

Fakten:

D’Sängerin Anne-Marie huet sech mam iresche Sänger a Gitarist Niall Horan zesummegedoe fir d’Lidd Our Song ze schreiwen. Dësen huet en angeneeme Flow mat Ouerwuerm-Potential. Ouni Corona sécher eng Single, déi all Club-DJ op senger Setlëscht stoen hätt.

Aussergewéinleches:

Nieft der Musek mécht d’Anne-Marie och nach Karate an weist domadder, dass hat net nëmmen hannert dem Mikro eng Power-Fra ass. Schonn mat 9 Joer huet d'Sängerin zwou Gold-Medaille bei de Funakoshi Shotokan Association Weltmeeschterschaft gewonnen.

Fréier Hits:

D’Anne-Marie huet säin éischten Album Speak Your Mind am Joer 2017 erausbruecht. Mat drop war ënnert anerem d'Single 2002.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Rita Ora, Ellie Goulding, Jess Glynn

Lauschtert eran!