D'K-Pop Band BTS presentéiert no Dynamite hier nei engleschsproocheg Single.

Fakten:

D’K-Pop Band BTS sangen hier neiste Single Butter alt rëm op Englesch. Et ass bis elo eréischt dat zweet Lidd an hirer Karriär, dat net op Koreanesch gesongen gëtt. De Song gëllt an de Medien well als Summerhit a vum Sound hier liwwert Butter genee dat, wat ee sech vun der Band BTS erwaart.

Aussergewéinleches:

De Museksvideo vum Lidd huet der Band hiren eegene Rekord op Youtube gebrach. An zwar huet d’Single an nëmme 24 Stonnen 113 Millioune Views op der Video-Plattform erreecht. Wärend der Première vun der Single hunn esouguer 3.9 Millioune Leit zum selwechten Zäitpunkt nogekuckt.

Fréier Hits:

Zu hire gréissten Hits zielt definitiv d’Lidd Dynamite, bei deem si fir déi éischte Kéier iwwerhaapt op englescher Sproch gesongen hunn. Et war zäitgläich de weltwäiten komerziellen Duerchbroch fir d'Band an de K-Pop-Sound.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

RM, Stray Kids & j-hope

Lauschtert eran!