Gospel gemëscht mat Pop an R&B. Dat ass dem Bow Anderson seng nei Single.

Fakten:

Déi schottesch Sängerin Bow Anderson huet mat New Wave net nëmmen eng nei Single mee och eng nei EP erausbruecht. D’Single ass ee Mix aus dynameschem Gospel-Pop an intensivem R&B. D’Lidd handelt dovunner, dass een am Liewen net ëmmer un allem soll festhalen. Heiansdo ass et besser lass ze loossen.

Aussergewéinleches:

Eigentlech wollt d’Bow Anderson am Trampolinsport Fouss faassen. Duerch en Verletzung huet hat dëst awer fale gelooss an op enger Uni zu London Sange studéiert.

Fréier Hits:

Am Joer 2020 huet d’Bow Anderson seng éischt Single Sweater erausbruecht. Richteg bekannt ginn ass d’Sängerin awer duerch d’Zesummenaarbecht mam Felix Jaehn a senger Single I Just Wanna.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Tom Gregory, Griff, ELI

Lauschtert eran!