D'Sängerin Leony mat senger neier Solo-Single "No More Second Chances"!

Fakten:

Déi 23-Järeg Musekerin huet seng neiste Single „No More Second Chances” erausbruecht. Am Text schwätzt d'Leony iwwert On-Off-Bezéiungen, bei deenen eigentlech jidderee weess datt et eriwwer ass, een awer trotzdeem wéinst de Gefiller an der Zäit déi een zesummen erlieft huet, beienee bleift.

Aussergewéinleches:

D'Melodie dierf warscheinlech ganz ville Leit bekannt virkommen. Bei der Single huet d’Leony sech nämlech um Beethoven sengem Klassiker „Für Elise“ inspiréiert. Hei gëtt déi berüümte Melodie allerdéngs net um Piano mee op der Gittar gespillt.

Fréier Hits:

Säi gréissten Hit hat d’Leony bis elo mat sengem Lidd „Faded Love“. De Song stoung iwwerall an den europäesche Charts ganz wäit uewen. Och am Eldo-Land kënnt d'Lidd immens gutt un. Am Chartbreaker-Klassement steet "Faded Love" op der Plaz 9.

Wann ech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Lunax, Mike Candys, Harris & Ford

Lauschtert eran!