De Bob Sinclar bréngt déi typesch Disco-Sounds mat senger neier Single "We Could Be Dancing" zesumme mam Molly Hammar zréck.

Fakten:

De franséischen DJ Bob Sinclar huet sech fir säin neist Lidd mat der schwedescher Sängerin Molly Hammar zesummegedoen. D’Single We Could Be Dancing ass duerch seng Beats an de Gesang ee potenzielle Party-Hit. De Bob Sinclar sot och an engem Interview dass dëst Lidd him Hoffnung mécht op ee gudde Summer mat e puer Concerten oder souguer Festivallen.

Aussergewéinleches:

D’Single We Could Be Dancing huet e gewësse Retro-Touch an erënnert un d’Disco Musek aus den 80er Joren. De 4. Mee war de Bob Sinclar scho beim Arc de Triomphe zu Paräis fir een exklusive Live-Stream opgetrueden.

Fréier Hits:

De Bob Sinclar ass an deene leschte Joren duerch Lidder wéi Love Generation , Rock this Party oder World Hold On berüümt ginn. Hie gëllt domadder säit ville Jore schonn als ee vun deene gréissten DJ’en iwwerhaapt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Fedde Le Grand, Yves Larock, Milk & Sugar

Lauschtert eran!