Lou Bega suergt mat "Buena Macarena" fir Summerlech Vibes an Danzstëmmung

Fakten:

Den däitsche Latin-Pop Sänger Lou Bega ass keen onbekannten an der Museksbranche. Elo huet hie seng neiste Single Buena Macarena erausbruecht. Dëst ass ee Cover vum wuel bekanntsten Danz aus den 90er Joren. Mat Buena Macarena bréngt de Lou Bega eis e bëssen 90er Feeling zeréck.

Aussergewéinleches:

Déi nei Single vum Lou Bega gouf allerdéngs net 1 zu 1 iwwersat, mee de Sänger huet een neien engleschen Text geschriwwen. De Refrain ass natierlech dee nämmlechte wéi am Original a suergt op all Party fir Danzstëmmung.

Fréier Hits:

Dee wuel bekanntsten Hit deen de Lou Bega je erausbruecht huet, war de Song Mambo No. 5 (A little bit of...) mat deem hien 1999 weltwäit an den Charts stoung. Och haut kennt jiddereen dëst Lidd an et dierf och op kenger Party feelen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Venga Boys, Rednex, Scatman John

Lauschtert eran!