Lëtzebuerger Museker Myrro mat neier Single "New York"

Fakten:

Mat New York huet de Lëtzebuerger Museker Miro Andrusic, den ënnert dem Kënschtlernumm Myrro ënnerwee ass, eng nei Single released. Et ass déi drëtt Single als Solo-Museker an huet richteg relax Beats mat Elementer aus Blues, Jazz an Deep House. Mee eigentlech seet hie vu sech selwer, dass hie keng richteg Museksrichtung huet mee éischter dat mécht wat hie fillt. Bei dëser Single huet de Museker sech un deene positive Momenter am Liewen inspiréiert.

Aussergewéinleches:

De Myrro huet sech an deene leschten 20 Joer mat verschiddene Museksgenren ausernee gesat an huet och a Bands gespillt. Hei huet hien ënner anerem Jazz, Blues awer och Rock a Metal gespillt. Haut ass hien dann och als Solo-Kënschtler ënnerwee a waart dann och drop endlech rëm kenne live ze spillen.

Fréier Hits:

Bis elo huet de Myrro just zwee Lidder erausbruecht. D'Lidder Would You a Fly Away sin am Ufank vun 2021 erauskomm a waren dem Myrro säin Debut als Solomuseker.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

John Butler Trio, Eli Moon, Baroness

Lauschtert eran!