Net nëmme mat TikTok weltberüümt, mee elo och mat senger éischter Single!

Fakten:

Déi 24 Järeg philippinnesch TikTokerin Bella Poarch huet no sengem weltwäiten Erfolleg op der Plattform TikTok elo och säin éischt Musekslidd Build a B*tch erausbruecht. Mat dësem Lidd wëll d'Sängerin weisen, dass een an der moderner Welt an op Social Media ëmmer perfekt muss sinn. Mat der Single wëll hatt awer géint déi Ideologie goen an erklären, dass een och mol heiansdo anescht ka sinn an net perfekt muss sinn.

Aussergewéinleches:

Ufanks 2020 huet sech d'Bella Poarch d'App TikTok erofgelueden. Schonn am Dezember hat hatt dee meescht gelikte Video op der Plattform mat 50 Millioune Likes. Haut gëllt hat als deen drëtt gréissten TikTok Star weltwäit.

Fréier Hits:

Mat Build a B*tch huet d'Bella Poarch säin alleréischt Lidd erausbruecht an domadder seng éischt Schrëtt a Richtung Musekskarriär gemaach.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Millie B, Billie Eilish, Katy Perry

Lauschtert eran!