Dua Lipa ass zréck mat neiem Album an der Single Love Again

Fakten:

D'Single Love Again war och um Dua Lipa sengem aktuellen Album Future Nostalgia released ginn, deen enner anerem ee Grammy kritt huet. D'Single vereent de klasseschen Dua Lipa Sound mat den Téin aus den 80er an 90er Joren. Am Lidd sengt d'Dua Lipa vun enger laangjäreger Bezéiung mat engem Mann dee net ganz trei war.

Aussergewéinleches:

Bei dësem Lidd huet d'Dua Lipa sech um 1997 geschriwwenen Lidd Your Woman vu White Town inspiréiert an ee Sample vun dësem a senger Single Love Again agebaut.

Fréier Hits:

D'Kënschtlerin huet bis elo 2 Alben erausbruecht op deenen ënner anerem Hits wéi Don't Start Now, New Rules oder IDGAF mat drop waren. D'Dua Lipa huet och schonn eng Rei Auszeechnunge kritt, wéi zum Beispill fënnef Brit Awards an ee Grammy fir säin aktuellen Album.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Rita Ora, Ava Max, Selena Gomez

Lauschtert eran!