De Calvin Harris huet sech fir seng neiste Single Ënnerstëtzung vum brittesche Sänger Tom Grennan geholl!

Fakten:

De Calvin Harris huet scho mat enger Rei Star-Sänger wei dem Ellie Goulding, Rag'n'Bone Man oder The Weeknd zesummegeschafft. Fir säi neiste Lidd By Your Side huet hie sech mam brittesche Sänger Tom Grennan zesummegedoen. Raus komm ass eng summerlech DJ-Single déi mat der kraaftvoller Stëmm vum Tom Grennan bestäerkt gëtt.

Aussergewéinleches:

Den Tom Grennan konnt et bal net gleewen, datt de Calvin Harris hie gefrot huet fir eng Zesummenaarbecht. Op Instagram huet hie geschriwwen: "Der grousse Mann Calvin Harris huet mech gefrot, ob ech op senger Single sange wéilt an éierlech gesot kann ech et net gleewen!“
Dës weideren huet den Tom Grennan verroden, dass hien eng Ielebou Phobie huet an dës weder upaken nach kucke kann.

Fréier Hits:

De Calvin Harris ass berüümt gi mat Lidder wéi This Is What You Came For, Feel So Close ode och nach How Deep Is Your Love.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

David Guetta, The Chainsmokers, Jonas Blue

Lauschtert eran!