Den neie lëtzebuergeschen Duo DONTNOD huet seng éischt Single "Breaking Back" released!

Fakten:

Den Duo DONTNOD ass ee Projet vun zwee lëtzebuerger Museker. Elo hunn si hir éischt Single Breaking Back erausbruecht. De Sound vum Duo kann ee bëssen als Mëschung tëschent Rage Against The Machine, Beastie Boys an the Neptunes ugesinn.  Breaking Back ass eng powerful Single mat Aflëss aus dem Rap, fettem Gittare-Sound an enger Melodie déi hänke bléift.

Aussergewéinleches:

Ganz Onbekannter sinn déi 2 Museker David Schmit an David Funez hei am Land net. Den David Schmit war de Gittarist vun der Band Eternal Tango an den David Funez huet sech als FUNEZ FOU och schonn een Numm an där nationaler Museks-Zeen gemaach.

Fréier Hits:

Vue dass DONTNOD e ganz neie Projet ass, si mir gespant op déi nächst Lidder vum lëtzebuerger Duo. Den David Schmit an Eternal Tango haten ënnert anerem mat "Golden City" an "Da/Da" international groussen Erfolleg.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Linkin Park, Rage Against The Machine, Public Enemy

Lauschtert eran!