De lëtzebuergeschen Sänger a Rapper Maale Gars huet seng neisten Single "Cogito Ergo Mal" released!

Fakten:

Nodeems de Maale Gars mat sengem Lidd Alles Versicht ee groussen Erfolleg hat, huet hien elo seng neiste Single Cogito Ergo Mal erausbruecht. D'Lidd huet fir de Maale Gars een neie Sound an ass mat organesch instrumentaliséierten Téin éischter méi eng roueg Nummer. D'Lidd ass zesumme mam Mateus Wojda entstanen a soll eng mystesch a märchenhaft Lovestory beschreiwen. Deemnächst wäert et dann och nach een neien Album vum Maale Gars ginn.

Aussergewéinleches:

Mat sengem Hit Alles Versicht huet de Maale Gars et souguer an d'Viral 50 - Luxembourg gepackt an domat seng Positioun um lëtzebuergesche Marché gestäerkt.

Fréier Hits:

Mat Lidder wei Alles Versicht, Du Wees a Kee Vu Menge Bridder huet de Maale Gars sech een Numm an der lëtzebuergescher Museks-Branche gemaach.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Stay Fou, Tommek, John Ragga

 

Lauschtert eran!