Nei Single vum Alan Walker zesumme mam Imanbek dobaussen!

Fakten:

Den DJ Alan Walker huet sech mam DJ Imanbek aus dem Kasachstan zesumme gedoe fir hier nei Single Sweet Dreams ze produzéieren. Well Eurodance am Alan Walker sengem Liewen ee groussen Afloss op hien hat, wollt hie mat dësem Lidd bëssen an déi Richtung goen. Dobäi ass ee Lidd erauskomm, wat ville Leit warscheinlech wäert am Kapp hänke bléiwen.

Aussergewéinleches:

Bei dëser Single hunn den Alan Walker an den Imanbek sech um Lidd Scatman vum Scatman John inspiréiert an dee legendären Hit fir hiert Lidd gesampelt.

Fréier Hits:

Den Alan Walker ass an der internationaler DJ-Zeen mat Lidder wéi Faded, Believers oder On My Way berüümt ginn. Den Imambek krut souguer schonn ee Grammy fir säi Remix vum Lidd Roses mam SAINt JHN.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Lost Frequencies. Jonas Blue, Axel Johansson

Lauschtert eran!