Ganz nei Single "Chromosome" vun der lëtzebuergescher Band Ice In My Eyes!

Fakten:

Déi lëtzebuergesch Band Ice In My Eyes huet mat Chromosome hir neiste Single released. D'Band probéiert mat Pop'n'Roll verschidde Museks-Genren an enger eenzeger Single ze vereenen an ee ganz spezielle Sound ze kreéieren. D'Lidd Chromosome ass dann och déi éischt Single vum Album New Romantic deen dëst Joer nach erauskommen soll.

Aussergewéinleches:

Ice In My Eyes sinn zu Lëtzebuerg keng Onbekannter. Den Olivier Treinen, Ben Thommes, Luc Hoffmann an de Mike Koster hunn ënnert anerem schonn als Virgrupp fir Eagles Of Death Metal, K's Choice oder Kate Tempest gespillt. Och op den nationale Festivallen waren si meeschtens mat dobäi.

Fréier Hits:

Mat hiren zwee Albe déi Ice In My Eyes bis elo erausbruecht hunn, konnten si sech fest an der lëtzebuergescher Museks-Branche etabléieren. Hei waren zum Beispill Lidder wéi Hey Boy, Interlude oder Move drop.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Myles Kennedy, Alter Bridge, Red Hot Chili Peppers

Lauschtert eran!