© Youtube screenshot
Kräischen ass fir d'Ava Max keng Schwächt, mee Emotiounen!
Fakten:
Nodeems d'Ava Max lescht Joer mat Hits wéi Kings & Queens a My Head & My Heart an den Charts stoung, ass hat elo zréck mat enger neier bësse méi elektronescher Single. L'Lidd EveryTime I Cry huet een immens déiwen an emotionalen Text, mat dem hat well weisen, dass ee roueg sengen Emotioune freie Laf ka loossen. Dëst gesäit een zum Beispill an der Textzéil: "Every time I cry, I get a little bit stronger"
Aussergewéinleches:
Fir all déi Leit, déi sech awer lo op een neien Album gefreet hunn, musse leider nach bësse waarden. D'Ava Max huet op Twitter geschriwwen, dass dëst nach net di nei Ära vun him wier. Trotzdeem freet sech d'Sängerin awer och rëm op Tour ze goen.
Fréier Hits:
Mam Album Heaven & Hell aus dem Joer 2020 ass d'Ava Max op der ganzer Welt an d'Charts komm. Bei eis am Chartbreaker ass seng Single My Head & My Heart souguer scho säit Enn November konstant mat dobäi.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rita Ora, Mabel, Camila Cabello