Eng gutt Kommunikatioun ass de Schlëssel zum Gléck an all Bezéiung, soe mol Jungle an hirer neier Single Talk About It.

Fakten:

Déi ganz nei Single Talk About It vum Britteschen Duo Jungle ass eng Mëschung aus de 70er Joren, Soul, Party a moderne Beats.  Dëse summerleche Sound vun der Single soll trotzdeem den Eescht vun enger Bezéiung beschreiwen. D'Single ass déi zweet Auskopplung vum Album Loving In Stereo, deen den 13. August dëst Joer erauskomme soll.

Aussergewéinleches:

Mat hiren neiste Lidder hu sech Jungle dann och klanglech bësse verännert a wëlle mat hirem neien Album mei oppen, witzeg an angeneem eriwwer kommen.

Fréier Hits:

Hire gréissten Hit war d'Lidd Keep Moving mat deem si international iwwerall weit uewen an den Charts placéiert waren. Och bei eis am Eldo-Chartbreaker ass dëst Lidd scho säit Méint mat dobäi.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Parcels, LEISURE, NEIL FRANCES

Lauschtert eran!