Fir dës summerlech nei Single hu sech 4 lëtzebuergesch Museker zesummegedoen. 

Fakten:

Déi nei Single All I Want hunn déi 3 DJ'en DASICVDG an DEE zesumme mam Sänger Khalid Oke produzéiert a released. De catchy a relaxe Sound vun dëser Single soll de Leit hir Freed op de Summer verstäerken. D'Single ass eng gutt Mëschung tëschent modernen DJ-Sounds an der markanter Stëmm vum Oke.

Aussergewéinleches:

Den DASIC an den VDG hunn eréischt virun e puer Joer ugefaangen hir eege Lidder ze produzéieren, hu sech awer ganz séier an der lëtzebuergescher Zeen etabléiert. Den DJ DEE ass säit ville Jore schonn am Nuetsliewen als DJ aktiv an huet hei och schonn eng Rei Präisser gewonnen. Och de Khalid Oke ass säit 2017 an der Museksbranche an huet mat senger soulvoller Stëmm scho vill Projete gehat.

Fréier Hits:

Den DASIC an den VDG haten hire gréissten Hit bis elo mat der Single Till The Sun Goes Down déi si zesumme mat der Sängerin Bianca Cerminara erausbruecht haten.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Meduza, Jax Jones, Robin Schulz

Lauschtert eran!