De franséischen Duo Polo & Pan ass zréck mat der neier Single Ani Kuni!

Fakten:

Déi zwee Fransouse vu Polo & Pan hunn am Joer 2012 ugefaangen zesumme Musek ze maachen, nodeems si sech an enger Disco zu Paräis kënnegeléiert hunn. Elo hu si hiert neit Lidd Ani Kuni erausbruecht, an deem si een amerikanescht Kannerlidd gesampelt hunn. D'Single ass also eng Mëschung tëschent Kannerliddmodernen Techno-Beats.

Aussergewéinleches:

D'Musek-Videoe vun deenen 2 DJ'en sinn ëmmer ganz faarweg an animéiert an hunn ëmmer eng gutt Portioun Humor mat u Bord. Di 2 Museker kënnen awer net nëmmen um Mëschpult Musek produzéieren. Si spillen och selwer eng Rei Instrumenter a kënnen domat elektronesch Musek mat klasseschen Elementer verbannen.

Fréier Hits:

Mam Album Caravelle, deen 2017 erauskomm ass, si Polo & Pan bekannt ginn. Hei waren dann Hits wéi Nanà oder Canopée drop. Dës Lidder hunn op Spotify och ganz séier Milliounen u Streams erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Papooz, Lewis OfMan, Agar Agar

Lauschtert eran!