I Want Love ass déi éischt Single vum Jessie J sengem kommenden Album!

Fakten:

Déi brittesch Sängerin Jessie J huet mat der Single I Want Love déi éischt Single fir säin neien a fënnefte Studioalbum released. Dëse soll dann och nach dëst Joer erauskommen. D'Lidd vereent eigentlech Musek aus den 1970er Jore mat moderne Beats. D'Sängerin seet selwer, dass een duerch grouss Stëmmen d'Leit op d'Danzpist kritt.

Aussergewéinleches:

Am Joer 2018 huet d'Jessie J a China un enger Talentshow virun 250 Millioune Mënschen am chineesesche Fernsee deelgeholl. D'Sängerin war déi éischt international Kënschtlerin déi dës Sendung jeemools gewonnen huet.

Fréier Hits:

Säit dem Ufank vum Jessie J senger Karriär, hat hatt seng gréissten Hits mat Lidder wéi: Bang Bang, Price Tag oder Nobody's Perfect.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Leona Lewis, The Saturdays, Cher Lloyd

Lauschtert eran!