De mysteriéisen DJ a Produzent El Profesor ass zréck mat neier Single!

Fakten:

Den DJ a Produzent El Profesor huet seng neiste Single Bongo Cha Cha Cha erausbruecht. An de leschte Woche koum ee wierklech net laanscht dës Single, vue dass se duerch TikTok scho Millioune Streams erreecht huet. Mam Lidd wëll den El Profesor dee richtege Sound fir de Summer liwweren, deen eis all sécher nach wäert eng gutt Zäit am Kapp hänke bleiwen.

Aussergewéinleches:

Kee Mënsch weess wierklech wien de Kënschtler hannert dem El Profesor ass. Och dem El Profesor säi Label verréit kee Numm. Vue dass et sech anscheinend ëm ee ganz berüümte Museker handelt, spekuléiere verschiddener op den David Guetta, Martin Solveig oder den Hugel. Ween et elo wierklech ass, bleift warscheinlech dann awer och an Zukunft geheim.

Fréier Hits:

Säi gréissten Hit hat den El Profesor 2018 definitiv mam Lidd Bella Ciao wat am Summer iwwerall erop an erof gelaf ass. D'Lidd war un der weltberüümter Netflix-Serie Haus des Geldes inspiréiert, bei der den Haaptduersteller och Profesor heescht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

David Guetta, Hugel, Martin Solveig

Lauschtert eran!