Den Ed Sheeran ass zréck mat enger neier Single an engem ganz neie Sound!

Fakten:

Den Ed Sheeran ass no 2 Joer Paus elo zréck mat senger neier Single Bad Habits. Dëst Lidd kléngt allerdéngs ganz anescht wéi dat, wat ee vum Ed Sheeran gewinnt ass. D'Single huet knackeg Beats a Keyboard Elementer dran. Domat weist de Sänger sech rëm vun enger ganz neier Säit. D'Lidd wäert dann och op sengem nächsten Album mat drop sinn, deen nach dëst Joer soll erauskommen.

Aussergewéinleches:

Am Video vum Lidd gesäit ee wéi den Ed Sheeran an der Nuecht zum Vampir gëtt. Soubal d'Sonn dann nees erauskënnt, gëtt de Vampir rëm zum Ed Sheeran wéi mir e kënnen. De 25. Juni ass den Ed Sheeran dann och am Kader vun der Euro 2020 viru Milliounen an engem Livestream op TikTok opgetrueden.

Fréier Hits:

De brittesche Sänger ass duerch Lidder wéi Perfect, Shape of You, oder Photograph berüümt ginn. Heimat huet hien op Spotify souguer scho Milliarde Streams erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Sam Smith, Shawn Mendes, James Arthur

Lauschtert eran!