Déi 20-järeg brittesch Sängerin Griff huet mat Black Hole seng neiste Single released!

Fakten:

Mat der neister Single Black Hole wëll déi jonk brittesch Sängerin Griff sech mam Enn vun enger laanger Bezéiung beschäftegen. Fir déi verschidden Zenarioen ze beschreiwen séngt d'Kënschtlerin a verschiddene Stëmmlagen. Am Text seet hat, dass do wou soss säin Häerz war, elo ee schwaarzt Lach ass.

Aussergewéinleches:

Wien an der Museksbranche grouss erauskomme wëll, muss sech un déi grouss Stars halen. Nodeems d'Sängerin Griff déi éischt Erfolleger hat, hunn sech d'Dua Lipa an d'Taylor Swift als Fans geout. Esou Frëndschaften si bestëmmt ni schlecht fir d'Karriär vum Griff.

Fréier Hits:

Déi brittesch Sängerin ass an deene leschten zwee Joer mat Lidder wéi Good Stuff oder Inside Out berüümt ginn. Hei konnt hat dann och seng éischt Millioune Streams op Spotify erreechen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

JC Stewart, GRACEY, Maisie Peters

Lauschtert eran!