No laanger Paus si Milky Chance endlech zréck mat enger neier Single!

Fakten:
De Berliner Duo Milky Chance déi hiren internationalen Duerchbroch 2013 mam Lidd Stolen Dance haten, sinn elo zréck mat hirer neister Single Colorado. Mat dëser Single probéieren d'Museker den Nolauschterer d'Gefill vu Fräiheet ze vermëttelen. De Sound vun der neier Single ass eng Mëschung tëschent Indie- an Electro-Rock.

Aussergewéinleches:
Di 2 Berliner Museker hunn d'Coronapandemie och bësse konnte genéissen. Si haten endlech mol rëm gutt Zäit sech op hir Musek ze konzentréieren. Natierlech ass et och schued dass een net konnt live optrieden, mee sou konnten si eng Rei nei Lidder produzéieren.

Fréier Hits:
Hire gréissten Hit war Stolen Dance, mat deem sinn et op der ganzer Welt un d'Spëtzt vun den Charts gepackt hunn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Von Wegen Lisbeth, Portugal.The Man, Lewis Dek Mar

Lauschtert eran!