© Youtube screenshot
Nei Single Liz vun der amerikanescher Sängerin Remi Wolf!
Fakten:
Di 25-järeg Sängerin Remi Wolf beschreift hire Musekstil selwer als funky Soul Pop. An genau sou kann een och di nei Single Liz beschreiwen. Nodeems d'Kënschtlerin d'Lidd schonn op diverse Concerte gespillt huet, ass et dann elo och endlech fir doheem released ginn. D'Sängerin seet, dass si den Nolauschterer d'Gefill vu Fräiheet an Zefriddenheet wëll vermëttelen.
Aussergewéinleches:
Ier d'Sängerin sech mat der Musek gefaast huet, war hat am Schi-Sport ënnerwee. Hei huet d'Remi Wolf am Alter vun 8 Joer scho fir zwee Joer bei den Olympesche Spiller fir Jugendlecher mat dobäi.
Fréier Hits:
Säin gréissten Hit war ganz kloer d'Lidd Photo ID, mat dem hat international bekannt ginn ass. Och am Eldo-Chartbreaker war d'Sängerin mat dësem Lidd en Rei Méint mat dobäi.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Jelani Aryeh, Omar Apollo, MICHELLE