© Youtube screenshot
Nei Single vum lëtzebuergeschen Rap-Duo Dorian & Louvar.
Fakten:
Déi zwee Lëtzebuerger Dorian a Louvar si säit ville Joren an der Rap-Zeen dran. Elo hu si hir neiste Single "Sans Condition" released. Hire leschten Album Grande Vie war fir d'Museker, déi op franséisch rappen, e groussen Erfolleg. Ob "Sans Condition" elo déi éischt Single vun engem neien Album ass, hunn si awer nach net verroden.
Aussergewéinleches:
Duerch de Fait dass déi zwee Museker op franséisch rappen, erreeche si eng vill méi grouss Zuel un Nolauschterer an hu Lëtzebuerg och schonn op diversen internationale Festivaller vertrueden.
Fréier Hits:
Dorian & Louvar hunn hei zu Lëtzebuerg hir gréissten Hits mat Lidder wéi 20 Ans, Grande Vie oder La Vie Le Veut gefeiert.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Ledé Milestone, T The Boss, Edsun