Den neiséilänneschen DJ Jolyon Petch huet seng nei Single "Dreams" released.

Fakten:

De jonken DJ Jolyon Petch huet mat senger neier Single Dreams ee bekannte Lidd aus dem Joer 1977 gecovert. Deemools hat d'Band Fleetwood Mac hire groussen Duerchbroch mat dësem Lidd gefeiert. Elo ass dann eben eng méi modern an elektronesch Versioun dovunner erauskomm, déi awer definitiv net méi schlecht ass.

Aussergewéinleches:

Déi nei Single "Dreams" vum Jolyon Petch war eigentlech schonn een Hit, ier et international op de Radioe gelaf ass. D'Lidd ass direkt nom Release an d'Top-20-Charts vu Shazam komm a war op der Platz 1 an de Spotify Viral Charts gelant.

Fréier Hits:

De Museker, dee scho säit iwwer 10 Joer am Business ass, ass an deene leschte Joren duerch Hits wéi Otherside oder Boy In The Picture international bekannt ginn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Boogieman, Richard Grey, wavn

Lauschtert eran!