© Youtube screenshot
Di 16-järeg Musekerin Claire Rosinkranz ass zréck mat senger neier Single Boy In A Billion.
Fakten:
D'Sängerin Claire Rosinkranz ass zréck mat der neier Single "Boy In A Billion". An dëser freet hat sech, wéi grouss d'Warscheinlechkeet ass, dass een dee perfekte Partner fir d'Liewe fënnt. Fir jonk Léit soll dëst Lidd eng lieweg an novollzéiend Single sinn. Dës Single ass dann och op dem Claire Rosinkranz senger neier EP "6 Of A Billion" drop, déi den 9. Juli eraus kënnt.
Aussergewéinleches:
Vue dass d'Sängerin op TikTok Millioune Fans huet, huet hat seng Aarbecht fir den Album och op TikTok gewisen. Doduerch konnten seng Fans déi ganzen Zäite beim kreative Prozess vun der neier EP mat dobäi sinn an doduerch och ëmmer um neiste Stand sinn.
Fréier Hits:
Och wann d'Sängerin nach immens jonk ass, huet hat trotzdeem schonn deen een oder aneren Hit gehat. Säin Lidd "Backyard Boy" huet an Zwëschenzäit schonn op YouTube iwwer 29 Millioune Views.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Thomas Headon, Maude Latour, ella jane