© Youtube screenshot
Den DJ Duo Shouse gi viral mat enger Single aus dem Joer 2017!
Fakten:
Di zwee Museker Ed Service an Jack Madin hun zesummen als Duo Shouse am Joer 2017 hir Single "Love Tonight" released. Dëst Lidd soll eng Feelgood-Hymne sinn an Zesummenhalt a Verbonnenheet beschreiwen. An dësen Zäite sinn dës Gedanke rëm immens aktuell ginn, wat mat sech bruecht huet, dass dës Single elo rëm an allen Charts ze fannen ass.
Aussergewéinleches:
Di 2 Museker hun d'Single "Love Tonight" an enger klenger Garage vun engem Industriegebitt opgeholl. Hei hunn si mat engem Chouer zesummegeschafft, deen aus Kolleegen a Bekannte bestanen huet. Nodeems d'Lidd iwwerall bekannt gouf, hunn och grouss DJ'en Remixen dovunner gemaach, wéi zum Beispill den David Guetta oder den Tiësto.
Fréier Hits:
"Love Tonight" ass deen éischte groussen Hit dee Shouse released hunn. Mee mat dësem Erfolleg wäert et awer net méi laang dauere bis dass di nächst Lidder erauskommen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Diplo, David Guetta, Tiësto