Dei jonk lëtzebuergesch Sängerin Tyra huet eng ganz nei Single "Dream Girl" erausbruescht.

Fakten:

Déi 25-järeg Musekerin Tyra aus Lëtzebuerg huet mat "Dream Girl" eng verdreemten an trotzdeem kraaft-voll Single erausbruecht. Dëst Lidd soll weisen, dass et trotzdeem nach e Wäert huet ze dreemen an dëser Welt voller Wourechten a Ligen. D'Single huet modern Beats, déi mat Gittaren-Sound an enger ganz melancholescher Melodie ënnermoolt ginn.

Aussergewéinleches:

Och wann d'Musekerin réischt 25 Joer huet, huet hat awer schonn a ville Länner grouss Erfolleger gehat. Sou war hat zum Beispill a 16 Länner an den Airplay Charts an och an de Spotify Playlisten "Weekend" an "Discover Weekly".

Fréier Hits:

D'Sängerin Tyra ass mat Lidder wéi "Heavenly Way To Sin" oder "Run To You" an der Museksbranche berüümt ginn. Vue dass hat nach immens jonk ass, kommen do bestëmmt nach vill grouss Hits.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

RHEA, Akelee, Sesanna

Lauschtert eran!