© FOQUS
Di zwee lëtzebuergesch Museker Maxime Bender a Jeff Herr hunn sech mat Them Lights zesummegedoe fir hir nei Single "In My Mind" ze produzéieren.
Fakten:
Di 2 lëtzebuergesch Jazz Museker Jeff Herr a Maxime Bender sinn definitiv keng Onbekannter an der internationaler Musekszeen. Elo hunn si sech fir ee Projet zesummegedoen, deen ënnert dem Numm Herr Bender leeft. Mat dësem hunn si elo hir zweet Single "In My Mind" released. Dës ass awer éischter méi elektronesch a poppeg geschriwwen.
Aussergewéinleches:
Fir dës Single hunn di 2 Museker vun Herr Bender sech mam lëtzebuergeschen DJ a Produzent Sacha Hanlet zesumme gedoen, deen ënnert dem Numm Them Lights ënnerwee ass. Duerch dës Zesummenaarbecht ass dës elekro-pop Single entstanen.
Fréier Hits:
Bis elo haten Herr Bender réischt eng Single erausbruecht. D'Lidd "Fairytale" haten si deemools mam Sänger Edsun zesumme released.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tele-Port, Universal-Sky, Them Lights