© Youtube screenshot
Nei Collaboratioun tëschent dem Tate McRae an dem Khalid fir hir aktuellste Single "Working"
Fakten:
Déi 17-järeg kanadesch Newcomerin Tate McRae huet sech mam Amerikanesche Sänger a Songwriter Kahlid zesummegedoe fir hir nei Single "Working" ze releasen. Et ass di éischte Kéier, dass di zwee Kënschtler zesummeschaffen. D'Lidd ass ee Pop-Song, dee perfekt zu waarmen Owenter a Sonnenënnergäng passt.
Aussergewéinleches:
De Sänger Khalid hat viru kuerzem säin neien Album geteased. Bis elo gëtt et awer nach keen Datum wéini dëse soll erauskommen. Ob d'Single "Working" et lo och dorop gepackt huet, wëssen d'Fans och nach net.
Fréier Hits:
Richteg Hits hat di 17 Joer al Sängerin bis elo awer net mee dës Collaboratioun kéint awer deen éischte groussen Hit mat sech bréngen. De Khalid hat mat "Free Spirit" säi gréissten Hit a stoung an Amerika souguer op Platz 1 vun den Charts.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kiana Ledé, Bazzi, Sabrina Claudio